2 Border Collie Ritten (Papp a Jong) sichen en neit Doheem.
De Papp ass 2004 gebuer, net kastréiert, verdréit sech net mat Kaatzen an och net därmosse gudd mat Ritten, mat Mudderen ass kee Problem, mat Kanner ass hien ganz frou. Hien huet nie am Haus geliewt an ass och net propper.
De Jong ass 2006 gebuer, kastréiert, verdréit sech gudd mat aneren Hënn, an souguer och mat Kaatzen. Och hien ass anscheinend ganz frou mat Kanner a wär souguer propper, huet allerdings nie am Haus geliewt.
Di zwee hun mat Geesse geschafft, wären awer net besonneg drun intresséiert an braichten laut Propr. och keng Hütearbecht fir glecklech ze gin. Enge Kontakt mam Mensch an aner Beschäftegung wou se kierperlech a virun allem geeschteg auslaascht gin ass do méi wichteg.
Si gin wéinst gesondheetleche Problemer vum Besetzer vermëttelt. Net onbedengt zesummen, si ginn mateneen eens, méi awer och net.
Fir wieder Infoen: PN u mech oder Mail un
info@deieren-an-nout.luFotoen kommen Ugangs nächster Woch no
LG Cathy